Lions Club Gehaansbierg ënnerstëtzt d'ASA

De Lions Club Gehaansbierg, ënnert sengem President Fernando Ribeiro,  huet viru kuerzem an hirem Stamm-Restaurant ‚La Rameaudière‘ zu Elleng-Gare, d’Vertrieder vun der ‚Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn‘, kuerz ‚ASA‘ empfaangen.

Begleet duerch esou een Assistenz-Hond huet d’Vertriederin d’Ziler vun der ASA virgestallt an drop higewisen datt duerch esou een ausgebilten Hond d’Liewen vun eeler, behënnerten an och kranke Matmënschen bedeitend vereinfacht an opgewäert ka ginn.

Als Ënnerstëtzung an Encouragement fir weider esou wäertvoll Hëllef an Ënnerstëtzung fir Gesellschaft ze leeschten, huet den LC Gehaansbierg e Scheck iwwer 3000 € un d’ASA iwwerreecht.