Lions Club Gehaansbierg iwwerreecht e Scheck iwwer 3.400 Euro un Trauerwee asbl.

Am Kader vun hirem sozialen Engagement huet de Lions Club Gehaansbierg, ënnert dem aktuelle Präsident Patrick Thyes, viru kuerzem der asbl. Trauerwee e Scheck iwwer 3.400 Euro iwwerreecht.

Wéi d'Madamm Tania Bertinelli vun 'Trauerwee' erklärt huet, setzt sech d'Associatioun mat groussem Häerz a Kompetenz fir Kanner, Jugendlecher a Familljen an, déi e geliefte Mënsch duerch en Doudesfall verluer hunn. Duerch Trauergruppen, Eenzelbegleedungen a Berodung – déi fir d’Famillje gratis sinn – bidden si e geschützt Ëmfeld, wou Trauer däerf sinn, an hëllefen de Betraffenen, hire Wee am Alldag nees ze fannen. Donieft schafft den Trauerwee mat Konferenzen a Formatioune fir Schoulen a Crèchen aktiv drun, d’Thema Trauer an der Gesellschaft ze enttabuiséieren.