Lions Club Gehaansbierg iwwerreecht e Scheck vun 3000 € un d'Tsara Fo

De Lions Club Gehaansbierg, mat sengem President Fernando Ribeiro, huet e Scheck iwwer 3000€ un d'Organisatioun 'Tsara Fo, Aide pour Madagascar' iwwerreecht, ganz nom Motto vum Lions Int. 'We serve'.

Den Dr. Jeff Erpelding vu Tsara Fo ënnersträicht a senger Dankesried d'Noutwendegkeet vun där finanzieller Hëllef fir Tsara Fo, well a Madagaskar net nëmmen den Opbau vun der medezinescher Infrastruktur Ustrengungen kascht, mee och d'Ausbildung um medezineschen wéi och paramedezineschen Plang.

Eng vun de groussen Erausfuerderung vun d'Tsara Fo ass déi erreechten Zieler laangwiereg ze stabiliséieren an déi lokal Medeziner ze begleeden a weider ze forméieren.