Verëffentlëchung vum Lëtzebuerger Pianosheft 2 vum Georges Urwald

D’Lëtzebuerger Pianosheft 2 ass do! Sidd virwëtzeg op eng spannend Suite vum éischte Band. De Georges Urwald huet 12 bekannte Lëtzebuerger Lidder an enger neier Versioun fir Piano arrangéiert. Onerwaart Klangfollge loossen deels al Lidder erëm nei opliewen an op eng bis dohin onbekannten Aart a Weis erkléngen.


D’Iddie fir de Projet koum vum Georges Urwald deen an Zesummenaarbecht mat der Association des écoles de musique (AEM) a Blueorange Music (Editeur) de Projet realiséiert huet. De Projet deckt esouwuel de pedagogeschen (Museksschoulen) ewéi de kulturellen Aspekt (Patrimoine) of.


Am Buch fënnt een esouwuel äler Lidder vun Dicks a Lentz ewéi och rezent Lidder vu Fausti a Läb. Als Bäilag zum Pianosheft fënnt een e „Sang Mat“ Textheftche mat den Texter vun den 12 Lidder. Dëst soll animéiere fir och Doheem an der Stuff geselleg Momenter z’erliewen.


D’Pianosheft ass an allen Ernster Butteker, an de Museksgeschäfter an iwwert www.blueorangemusic.com ze kréien.


E Projet vun der Association des écoles de musique (https://musicschools.lu/) a Blueorange Music.

Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère (https://men.public.lu/) an dem Kulturministère (https://mc.gouvernement.lu/).