Verëffentlechung vum Lëtzebuerger Pianosheft - Georges Urwald

D‘Lëtzebuerger Pianosheft ass do. Mat Dicks an Dëppegéisser. Einfach bis mëttelschwéier Pianossätz vu bekannte Lëtzebuerger Lidder fir Schoul an Heem, arrangéiert vum Georges Urwald. Mat ‚Sang mat’ Textheftchen. An allen Ernster Butteker, an de Museksgeschäfter an iwwert blueorangemusic.com. Vill Freed!


Eng Presentatioun vum Projet fann Dir hei: https://youtu.be/BNMW_jz4JnU


E Projet vun der Association des écoles de musique (https://musicschools.lu/) a Blueorange Music.

Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère (https://men.public.lu/) an dem Kulturministère (https://mc.gouvernement.lu/).