Coronavirus hin oder hir, mir hunn eise Meekranz gebonnen an doheem opgehaang

De Vic an d'Lea vun Angelduerf sinn schonns zënter annerhalwem Mount doheem "konfinéiert". Um 1. Mee sinn d' Pompjeeën an aner Gesellschaften moies fréih an de Bësch gaang an hunn do Meekränz gebonn. Dacks war d'Wieder fir verdrësserlech ze ginn. Mee dat huet kengem eppes ausgemaacht. Ënnert de Kläng vun der lokaler Musék gong ët dann bei d'Gemeng oder bei de Café, wou de Meekranz dann iwwert der Entreesdir opgehaang gouf. Mee dëst Jor gouf alles ofgesot. Vill Lait op engem Koup beieneen heescht Ustiechungsgefor mat deem ominéise Virus. D'Lea hätt souguer mat séngem Saxofon zu Ierpeldeng oder zu Colmer-Bierg mat der Musék matgoe kënnen. Mee doraus gouf näischt. Masken hätten si an hir Elteren nawell gehat. Déi hunn si ugedo fir am Bësch no beim Camping zu Angelduerf trotz Reen mat hirem Papp ee Meekranz ze maachen. Deen hänkt elo iwwert hirer Hausdir, zwou Nummere méih kleng wéi dee vun de Gesellschaften a Gewerkschaften, mee deen ass och um 2. Mee nach keng Grimmel wieleg, well en schonn eng Rëtsch zolidd Douchen vun uewe matkrut. Bei där bal tropescher Hëtzt vum Wochenufank hätt en d'Läpper ewell laang hänke geloos.