Corona-Kris: Wat maacht Dir doheem ? 18. März bis 4. Mai

De Corona-Virus huet Lëtzebuerg voll am Grëff. A jiddereen hei am Land fënnt sech an enger neier Situatioun erëm. Sief et dass een am Télétravail ass a vun doheem aus schafft oder am Congé pour raisons familliales ass an doheem d’Betreiung vun de Kanner iwwerhëllt a mat hinnen hier Hausaufgabe mécht. D’Awunner aus dem Land sinn opgeruff fir doheem ze bleiwen an dat ass och de Grond vun dëser Missioun. Gitt eis en Abléck an äert Doheem. Luet Fotoen, kleng Videoen oder e Beitrag bei mywort.lu erop wou Dir eis är nei Erfarungen erzielt a loosst eis Deel huelen un ärem Alldag an dëser schwéierer Zäit. Videoe kënnt der bei Youtube erop lueden an dann de Code op mywort.lu an den Artikel setzen. Dir  kënnt äer Video'en och op romain.schanck@wort.lu schécken, da kënnen Extrait'en dovunner op wort.lu gewise ginn... op mywort.lu kënnen d'Videoe just gewise ginn, wann Dir de Youtube-Code selwer an äeren Artikel ropgelueden hutt. Weist Iech am Video wéi der mat de Kanner léiert oder mat hinne spillt. Dir kënnt och gären är Kanner zu Wuert komme loossen a si erkläre loosse wéi si des Kris erliewen an op des Situatioun hinnen Angscht mécht. Och wär et flott wa si iwwert hier Hausaufgabe kéinte schwätzen, ob si domadder eens ginn a wéi si sech an dëser Situatioun erëm fannen. Luet w.e.g. ä Biller oder Video’en direkt mam Handy iwwert mywort-Reporter-App erop oder publizéiert är Beiträg via Computer op www.mywort.lu mywort.lu wënscht Iech vill Spaass bei deem wat der maacht a virun allem passt op Iech op an haalt Iech gesond.   Eng Auswiel vun äre Biller an Texter déi der erop luet ginn an der mywort-Zeitung an der Zeitung oder op wort.lu gewisen. 




Mir bieden Iech wann der Fotoen erop luet, net fir all Fotoen e Beitrag ze maachen an är Beiträg an der Gemeng erop ze luede wou se opgeholl gi sinn. Wichteg ass et och bei all Beitrag deen der erop luet zwee, dräi Sätz dobäi ze schreiwen. Wat Dir eis méi Informatioune gitt, wat mir är Beiträg fir méi Publikatioune kënne gebrauchen.

 


mywort.lu, dat sidd Dir!