Club Haus op der Heed gréisst all déi, déi doheem bleiwen!

Vill vun eisen Aktivitéiten hu leider virleefeg mussen ofgesot gënn an mer hunn der vill op een méi spéiden Datum verluet.

Op dësem Wee wëlle mer all déi gréissen, déi mir op de soziale Medien net erreechen:


Mer denken on eech all!

Bleift gesond!


Am Moment bidden mer:

· Informatiounen iwwer Telefon: 99 82 36.

· Hëllef bei den Akeef fir d’Leit aus eisen 7 Gemengen (Supermarché, Apdikt oder Fudder resp. Medezin fir Hausdéieren) – zéckt net eis ze kontaktéieren!

· Hëllef bei Kontaktopnahm mat Famill a Frënn iwwert nei Medien (z.B. Facetime etc.)

· YouTube-Kanal mat Aktivitéiten (Kontaktéiert eis falls dir do net eens gitt)

· Zousazheft (wat der schonn geschéckt kritt hutt)

Mer si fir iech do!


Eis Equipe seet och deenen Merci déi schaffen, fir datt mer versuergt sinn, vun Supermarchéen, Restaurant’en mat Take away, Depositairen, Geschäfter fir Bürosmaterial, Grafiker an Dréckereien, Liewensmëttelgeschäfter iwwer Dokteren, Aptéiken, Klinicken, déi déi sech drëm këmmeren, datt eise Knascht fortgeholl gëtt, mer Waasser, Stroum, Bensin, Heizung asw. hunn… an nach vill annerer…

Merci eisen Chargée de Cours, déi Couren iwwer aner Weeër ubidden an duerchhalen bis mer rëm mateneen, ouni räimlich Trennung, weidermaachen.

Merci den Heekelfrënn vom Club Haus op der Heed déi Masken bitzen…

Heimat gréissen mer och d’Leit vun eisem CA, eise Vertreter vum CA, eis Präsidentin an eis Éierepräsidentin an Kolleegen vun Foyers Seniors asbl, di anner Club‘en am Land, RBS an MiFa, eis Vertreter vun de 7 Gemengen am Norden an do och d’ganzt Personal vun deene Gemengen, eis Noperen an d‘Legt zu Hëpperdang an do och d’Equipe aus dem Foyer op der Heed!

Bis geschwenn!