Benevollen vum Club Haus op der Heed spenden fir ALAEC asbl

Iwwert d’Wanterméint huet Stréck- an Heekelgrupp vum Club Haus op der Heed zu Hëpperdang fläisseg fir de gudden Zweck geschafft.

Mat vill Léift zum Detail an am Benevolat heekelen an strécken Dammen säit Joren originell Déierefiguren, déi dann un Frënn an Bekannter awer och op Mäert, am Club Haus op der Heed an och an engem Coiffeurssalon zu Wampich, engem Supermarché zu Elwen an an enger Schräinerei am Pommerlach verkaaft ginn.

Dëst Joer gouf den Erléis vun hire Konschtwierker un ALAEC Luxembourg gespent.

Am Ganzen koumen 3000 Euro Spend beieneen.

No interessanten Erklärungen zur Missioun an den Aktivitéiten vun der Associatioun, déi sech fir Menschen an Familljen asetzt, déi Kanner hunn, déi häerzkrank sinn, gouf de Scheck, an Presenz vun den Benevollen an hiren Leederinnen Jeanny Hentz an Christiane Meyer souwéi der Chargée de direction vum Club Haus op der Heed Tania Draut, un den Här Colin, President an Madame Lentz-Polfer, Vize-Presidentin vun ALAEC – Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg asbl. iwwerreecht.