Pilzwanderung am Biwischerbësch

Röhrlinge, Täublinge, Leistlinge, Milchlinge… alles verschidde Gattunge vu Pilzen déi wärend der Pilzwanderung am Biwwischerbësch gesammelt a bestëmmt goufen.

De villen interesséierten Teilnehmer gouf erkläert datt den éischte wichtege Schratt bei der Bestëmmung den ass, d’Familljen auserneen ze halen.

Dem Claude Fandel seng Begeeschterung ass séier op Leit iwwergeschwappt, sou datt den Nomëtteg am Bësch bal ze kuerz war fir alles unzeschwätzen.

No engem flotten Nomëtteg bei perfektem Wieder am Bësch sinn d’Leit owes mat vill neiem Wëssen zefridde rëm heem gaange.