Benevollen vum Club Haus op der Heed spenden fir ALAN Maladies Rares Luxembourg

Am Wanter an Hierscht vun dësem Joer huet Stréck- an Heekelgrupp vum Club Haus op der Heed zu Hëpperdang fläisseg fir de gudden Zweck geschafft.

Mat vill Léift zum Detail an am Benevolat heekelen an strécken Dammen säit Joren originell Déierefiguren, déi dann un Frënn an Bekannter awer och op Mäert, am ClubHaus op der Heed an och an engem Coiffeurssalon an der Regioun verkaaft ginn.

Dëst Joer gouf den Erléis vun hire Konschtwierker un ALAN Maladies Rares Luxembourg gespent.

Am Ganzen koumen 3000 Euro Spend beieneen.

No interessanten Erklärungen zur Missioun an den Aktivitéiten vun der Associatioun, déi sech fir Menschen an Familljen asetzt, déi vun enger seltener Erkrankung betraff sinn, gouf de Scheck, an Presenz vun den Benevollen an hiren Leederinnen Jeanny Hentz an Christiane Meyer souwéi der Chargée de direction vum Club Haus op der Heed Tania Draut, un Madame Sarah Weiler, Chargée de communication, vun ALAN Maladies Rares Luxembourg iwwerreecht.