D'Sonn geet op um Karfreideg, verschwomm tëscht Ahorn- a Kiischtebléien

Karfreidegstëmmung, d'Sonn schéngt sëch ze froën: Kann ëch nach ënnert deenen aktuellen Aschränkungen, bedéngt duerch de Coronavirus, nach Liicht an den tristen Alldag vun de Lait aus dem Gesondhheetssektor , vun den alen Risikopatienten, dem Boma an dem Bopa, déi hir Enkelkanner nit méih däerfe gesinn, vun den ville Lait aus den Altersheemer, aus dem Heem fir Alzheimerpatienten hei zu Ierpeldeng op der Sauer, déi nit méih däerfe vun hiren eegene Familljememberen besicht ginn an do stierwen, ouni dass hir[e] Partner[in] respektiv hire Jong oder hiirt Meedchen si duerch d'Hale vun der Hand an d'Éiwegkeet begleet. Wéi traureg ass déi ergräifend Erënnerung un d'Iwwerdroe vun der Gréngendonneschdeg-Liturgie aus eiser Kathedral an aus dem Péiterdoum. Gëtt ët dëst Joer e froue Ouschterdag? D'Hoffnung stierft vir d'Lèscht ......