D'Pattonbréck hannert Kiischtebléien, schéin Ouschteren trotz Covid-19 Kris

Een Ouschterdag, wéi ët nach kee gouf. Keng Erlabnis, d'eege Famill ze gesinn, d' Grousselteren därfen hir Kanner an Enkelkanner nit physesch gesinn. Keng Schoul bis nom 4. Mee. D'Kiirchen zou, keng Mass. D'Altersheemer hermetesch ofgerigelt. Hei gëtt einsam gestuerf! All Restaurant dicht. Aarbechten op Schantecher gestoppt. Homme office ass ugesot.Grillpaty bei schéinstem Wieder: verbueden, ausser mat 2 m Ofstand. D'Police mëcht streng Kontroll a schreift Protokollen. D'Kris ass weltwäit, elo och am Jemen ukomm. een Desaster. Genéisst d'Zeeche vum Fréijor!