Archiven si wichteg fir all Generatioun !

Hallo ! Lo ass de Moment, neies unzegon !
Du kanns jo net ouni Beschäftigung do ston !
A firwat net mol an den Archive gekroomt ?
Do huet een dach muenchmol flott Saachen erëmfont !
Dësst sichen ech emseg eng ganz Rei Jore laang !
An ech bleiwen och, bis ech et hunn, un der Staang !
Wullt mol um Späicher an all Këschten an all Eck !
A wien et fënd, kritt ee Kado, dat ass kee Geck !


80 Joer „ SONILI “

Virun 80 Joer, an zwar mat Eischtopféierung den 15 Dezember 1939 an duerno nach 9 mol, hat dës Operette, oder dat Koméidistéck, wéi den Dicks seng Operetten genannt huet, groussem Erfolleg an den 17 Dezember 1939 hunn d’Goussherzogin Charlotte an de Prënz Felix dem Optrëtt d’Eier erwisen.

Et gëtt ëmmer méi schwéier esou ee Kulturschaz erëmzefannen, wann en net eemol archivéiert gouf, hei ee frappant Beispill: Bruno Granichstaedten: Operette "Sonili".

Deen Numm seet eis net vill an dach huet hien 17 Operetten a Filmmusék geschriwwen.

Ma wie war dee Mann?

Den 1 September 1879 zu Wien gebuer, ass hien, well e Judd woar, den 1 Oktober 1938,

mat senger Fra, Rosalie Kaufmann, no Lëtzebuerg ausgewandert.

Spéziell fir d'Sonja Haagen, dem Hary Haagen seng Duechter, huet hien eng Operette geschriwwen an déi "Sonili" genannt. De Josy Imdahl huet se op lëtzebuegesch iwwersat.

Si selwer huet d'Haaptroll mat Brio gespillt. Den Henri Pensis huet den RTL- Orchester dirigéiert, dat Ganzt ënner der Haaptleedung vum Venant Pauké. Emmerhin 10 Opféierungen.

Den 19 Januar 1940 ass de Bruno Granichstaedten no New York ausgewandert, mat der Iddee „Sonili“ do ze verfilmen. Dozou koum et leider net an hien ass den 30 Mee 1944 gestuerwen.

Vun dëser Operette si weder een däitscht- nach ee lëtzebuergescht Textheft nach Lidderpartituren ze fannen. Ma well esouvill Leit matgewierkt hunn, misst esou Material awer nach iergendwou opzedreiwe sinn.

Wie kennt Famill vun den Akteuren oder Musiker wou villäicht mach Dokumenter wieren.

Mat all Info kann een sech melden beim :

„Lëtzebuerger-Lidder Archiv“, Jean Kandel 7, rue Luitgardis L-8244 Mamer

Tél: 621 665 212 E-mail: jkandel@tango.lu


F O T O :


Léon MAYER, Josy IMDAHL, Emil HAMPER, Maria LAZZERI, Henri PENSIS

Sonja HAAGEN, Bruno GRANICHSTAEDTEN, Suzanne HELLER,

Venant PAUKÉ, Hildchen KLAESS, Marcel KUMMER, Valentin KUMMER,

Renée WEBER, Benny SALOMON.

Matgeschafft hunn:

Bruno GRANICHSTAEDTEN, Däitschen Text a Musék,

Josy IMDAHL, huet d'Operette op Lëtzebuergesch iwwersat,

Henri PENSIS, huet den RTL-Orchester dirigéiert,

Léo MAYER als Metzlermeschter Mathias Andillien

Suzanne HELLER als Rousely an Hildchen KLAESS als Madly, seng Duechteren

Hansi KAHN an Josette FELTEN, zwou Frëndinnen

Maria LAZZERI als Madame Everléng , Epicière-Fra.

Marcel KUMMER als Charly, hire Jong, Garagist.

Venant PAUKÉ als Camille Simon, e Moler. Hien féiert och Haapt-Régie.

Sonja HAAGEN als Sonili, dem Camille seng Duechter

Emil HAMPER als Hary, dem Camille säi Frënd.

Valentin KUMMER als Mr. O. Broadwood , ee räichen Amerikaner.

Renée WEBER als Evelyne, seng Duechter.

Margerite NICKELS als Madame Trierweiler.

Madeleine LAMBERTS als Madame Hames.

Roger WARNIER als Bréifdréier

Jules a Marcel van DIEVOET sinn zoustänneg fir Décorsen.