Corona-Concert live vun doheem

Och an der Coronakris gouf am Kanner- a Jugendchouer Konsdref, zesumme mat dem Jugend-Ensembel vun der Fanfare Lëntgen, vun doheem aus gesongen a musizéiert. Dës gemeinsam a gelongen Initiativ, Chouer a Musek zesummen doheem’ war ënnert der Leedung vum Marc Loewen, Dirigent vum Chouer a vum Jugend-Ensembel koordinéiert ginn. Hien huet d’Videoen vum Lidd ‘L’oiseau et l’Enfant’, déi hie vu de Sänger a Musikante kritt huet, zesummegemixt an d‘Resultat léist sech weisen. Esou kënnt dir och an der Coronakris doheem an der Stuff e bëssi Gesank a Musek lauschteren. Dir fannt déi zwou Versiounen, Chouer eleng a mat Musek, op der Facebooksäit vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref oder ënnert dem Link https://youtu.be/jtm2XNGrGKA an https://youtu.be/ms5_SHbXTNE .

Villmools Merci all deenen déi matgemaach hunn, besonnech awer dem Marc Loewen den sech hei ganz vill Aarbecht gemaach huet. An der Hoffnung dat mir erëm geschwënn Live zesumme sangen a musizéieren kënnen.