Fréijoersconcert zu Konsdref

Den traditionelle Fréijoersconcert vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref war och dëst Jar nees e volle Succès. Déi vill Zuschauer am Sall goufen op eng musikalesch Weltrees matgeholl – an dat a 5 Sproochen! Op Lëtzebuergesch, Portugisesch, Franséisch, Däitsch an Englesch hunn déi kleng a grouss Sängerinnen a Sänger bewisen, datt si net nëmme sangen, mee och richteg Show maache kënnen.


Mat vill Begeeschterung, flotter Choreographie an enger impressionanter Energie hunn d’Kanner d’Lidder virgedroen. Ënnert der dynamescher Leedung vum Anna Nikolay huet de Chouer eng immens villfälteg Performance gewisen, déi d’Publikum mat vill Applaus belount huet. Tëscht de Lidder huet d’Dirigentin ëmmer nees fir Iwwerraschunge gesuergt a mat originellen Iwwergäng dat nächst Stéck presentéiert.


Natierlech koum och nieft der Musek keen ze kuerz: Fir Gedrénks a leckere Kuch war bestens gesuergt.


Ee grousse Bravo un all déi kleng a grouss Talenter – déi eis all impressionnéiert hunn, wéivill Text si auswenneg kënnen. Mir freeën eis mat hinnen schonn op deen nächste Concert!