Fréijoersconcert vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref setzt e staarkt Zeeche fir d'Ëmwelt
Mat engem flotte Fréijoersconcert huet de Kanner- a Jugendchouer e Sonndeg 27. Abrëll 2025 am Festsall um Scheedgen e staarkt musikalescht an ekologescht Zeeche gesat. Ënnert der Leedung vun der Dirigentin Anna Nikolay, begleet mat der Band Marco Bermes a Romain Boden, hunn déi jonk Sänger*innen d’Lidder mat Freed iwwert d'Natur an d'Déiere virgedroen an hiert Publikum begeeschtert.
De Concert, deen als offiziellt „Green Event“ organiséiert gouf, huet net nëmme musikalesch iwwerzeegt, mee och duerch ëmweltfrëndlech Moossnamen, wou e grousse Wäert op Nohaltegkeet geluecht gouf.
D'Publikum war begeeschtert vun der Energie an dem Engagement vun de Kanner a Jugendlechen – e Concert, deen d'Léift fir d'Musek an d'Natur mat Déieren op eng wonnerbar Aart a Weis verbonnen huet.
En decke Merci jidderengem dee bei dësem Event matgewierkt huet an och dem Publikum fir hier trei Ënnerstëtzung.