Um 3. Adventssonndeg hunn d‘Sänger*inne vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref eis mat engem wonnerschéine Chrëschtconcert verwinnt. Mat der Ënnerstëtzung vun hirer Band, dem Romain Boden um Kontrabass an dem Franz Théato um Drumset, an ënnert der Leedung vum Anna Nikolay hunn si hire Publikum begeeschtert. Mat klasseschen a moderne Chrëschtlidder huet een an der Mennonitekierch um Scheedgen eng ganz wonnerbar Chrëschtambiance erlieft. Merci eise fréiere Sänger*inne, déi sech spontan bereet erklärt hunn, fir mam Chouer déi dräi lescht Lidder matzesangen. Ee ganz decke Merci, dass mir mat hinnen all zesummen dee flotten Owend mat uschléissendem Glühwäin a Chrëschtgebäck konnte genéissen a geselleg ausklénge loossen.