Op Ouschtersonndeg - Niwwel laanscht d'Uewersauer beim Patton, am Pandomiemodus

Op Ouschtersonndeg versprécht d'Wieder gudd ze ginn. Géint 7 Auer zéien Niwwelbänken laanscht d'Uwenner vun der Uewersauer no beim Patton-Denkmal. D'Sonn ass elo just opgaang, Op der Ettelbrécker Haardt douewen ass deen éischte Foussgänmger ze gesinn. Ech hunn d'Moiesklacken vun Ierpeldeng, Angelduerf an Dikrech héire lauden. Schued, datt mir am Panopliemodus mat all séngen Aschränkunge liewe mussen. Den däitsche Bundesprésident huet gëschter owend eng ganz emotional Ried vu 7 Minutten gehal. Eemoleg an der däitscher Geschicht. Och den Interview op Radio-Telé Lëtzebuerg vun eisem Erzbeschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich geet an déi sèlwescht Richtung. Mir däerfen nit ëmmer méih séier, méi héich, méih wäit kommen, mee mir brauchen eng nei Gemeinschaft vu Solidaritéit, Bescheidenheet, Demut a Matgefill, wou jiddereen erausgefuerdert ass. Do ass keng Plaz fir Egoismus. Den Här Hollerich plangt no der Kris eng grouss Mass, wou d'Kathedral wäert voll vu Lait sinn a wou d'Affer vum Covin-19 och ënnert eis sinn. Dat schaaft Zouversiicht a freedeg Hoffnung. Da wäert d'Liewen d'Lutte géint den Doud gewannen, esou wéi d'Natur dobaussen eis ët virmécht!