De Zonta Club Esch ënnerstëtzt d’ « Association Thérapie Équestre » vu Monnerech

Viru kuerzem huet den Escher Zonta Club e Chèque vu 5000 Euro der « Association Thérapie Équestre » vu Monnerech iwwerreecht.

D’Damme vum Escher Zonta hu während e puer Wochen hir traditionell Adventskränz am Centre „A Bosselesch“ zu Monnerech gebastelt. Mat dësem Erléis gëtt den Ënnerhalt vun engem Therapiepäerd während engem Joer finanzéiert.