De Zonta Club Esch ënnerstëtzt d’ “ONGD Guiden a Scouten FIR ENG WELT”

Viru kuerzem huet den Escher Zonta Club e Chèque vu 5000 Euro der ” ONGD Guiden a Scouten FIR ENG WELT” iwwerreecht.

D’Damme vum Escher Zonta hu während e puer Wochen hir traditionell Adventskränz am Centre „A Bosselesch“ zu Monnerech gebastelt. Mat dësem Erléis ginn der ONGD hir Projeten am Senegal finanzéiert, wou virun allem jonk Leit eng berufflech Formatioun kréien.