Fraen an Noutsituatiounen eng Freed maachen

De Zonta Club Esch huet de Projet « Giftbox » weidergefouert.

Esch-Uelzecht : De Zonta Club Esch huet de Projet « Zonta Giftbox » virun e puer Joer an d’Liewen geruff.

Orientéiert gouf sech um „Shoeboxproject“, deen 2011 vu 4 Fraen a Kanada gegrënnt gouf. D’Iddi vum Projet besteet dorann, dass eng Fra enger anerer Fra, déi sech an enger schwiereger oder benodeelegter Liewenssituatioun befënnt, eppes schenkt. Fraen, déi an Noutsituatiounen sinn, kucke virun allem, dass et hirer Famill an haaptsächlech de Kanner gutt geet.

Si selwer kommen dobäi awer oft ze kuerz. De Kaddo besteet an dësem Fall aus enger Këscht (z.B. eng Schungkëscht, déi ee schéin dekoréiert), déi mat lauter Sache gefëllt ass, déi enger Fra Freed maachen an dozou bäidroen kënnen, datt si sech besser fillt. Dëst Joer hunn d’Memberen vum Zonta Club Esch, zesumme mat Frënn a Bekannten, am Ganzen 52 Giftboxen zesummengestallt, déi si am Kader vum Internationale Fraendag verschenkt hunn u Fraen, déi am Centre des Réfugiées zu Réiden wunnen an u Fraen aus dem „Foyer Sud-Fraen a Nout“ vum CNFL.