Harmonie Municipale Esch: Schnupperstage am LTE vum 15. - 17. Juli 2017

Vum 15. bis de 17.Juli huet d’Harmonie Municipale Esch e sougenannte „Schnupperstage“ am Lycée Technique Esch (LTE) organiséiert.

Vu moies 9:00 bis mëttes 17:00 Auer si 7 bis 10-järeg Kanner encadréiert ginn, fir zum Deel hir alleréischt Nouten op engem Holzblos-, Blechblos-, oder Perkussiounsinstrument ze probéieren.

Ënnert dem Motto „Schüler hëllefe Schüler“ hu jonk Membere vun der HMEsch hiert musikalescht Wëssen deene ganz Jonke vermëttelt. Sou gesäit jidder Eenzele wéi wichteg hie fir de Fonctionnement vun der Phalanx HMEsch ass.

Donieft ass natierlech d’Animatioun net ze kuerz komm. All 2. Stonn stoungen nieft der Musek Spiller um Programm, an de 17.7 moies ass déi ganz Equipe an d’Escher Schwämm gaangen.

Méindes, de 17.7 war um 18:00 Auer eng kleng Ofschlossfeier am LTE, wou déi ganz Kleng hir Ufangsnotioune virgedroen hunn.


Text: Yves Schmartz

Fotoen: Alain Bartoli