Jugendorchester vun der HME: Ofschlossconcert vum Stage 2015 - Freides, den 24. Juli um 19h am LTE

Säit etleche Joren organiséiert d’Harmonie Municipale Esch/Uelzecht am Kader vun hirer Jugendaarbecht Stagen. Vum 16.7. bis 18.7. war den Tour un deene Jéngsten. Op engem Schnupperstage am LTE konnten d‘Kanner op eenzelnen Instrumenter hier éischt musikalesch Erfahrunge sammelen, respektiv weisen, wat si an hirem éischte Joer Instrument geléiert hunn. No 3 flotten Deeg geet de Stage weider.
Dëst Joer trëfft sech de Jugendorchester vum 19.7 bis 24.7 fir eng Prouwphas eng éischte Kéier an der Jugendherberg zu Homburg/Saar fir an diverse Regëster- an Tuttiprouwen e neie Programm anzeschaffen. Doniewent gëtt awer och an aneren Ensemblen, wéi Chorale a Rockband gesongen a musizéiert. D’Chorale sengt dëst Joer ënnert der Leedung vum Yves Schwarze a vum Véronique Gillen „Bambelela“, „An Englishman in New York“ vum Sting a „Conquest of Paradise“ vu Vangelis. Spill a Spaass däerfen op esou engem Stage natierlech net ze kuerz kommen. Musikalesch a sozial encadréiert ginn déi Jonk praktesch integral vu Memberen aus der HME, déi hir Fräizäit onentgeltlech an den Déngscht vun der Jugendaarbecht stellen, wat an Zäiten, wou vill iwwer Benevolat geschwat gëtt, ënnerstrach muss ginn. Sou lafe virun allem déi kleng Stagen zanter e puer Joer ënnert dem Motto „Jonker hëllefe Jonken“.
Dëst Joer steet de Programm vum Orchesterstage am Zeeche vun enger musikalescher Weltrees „Around the world….“. An an deem Kontext goufen d’Stecker och ausgewielt. Ënnert der Leedung vun hirem Chef, dem Yves Schmartz, spillen déi ronn 60 Musikante Wierker, wéi „Around the world in 80 days“ vum Otto M. Schwarz oder „The seventh night of July“; Stecker, déi de musikalesch héichen Niveau vum Escher Jugendorchester ënnersträichen.
Ganz houfreg ass een, dass den Eric Falchero speziell en Arrangement fir groussen Harmonieorchester vun de bekannteste Melodie vu „Legotrip“ geschaf huet. No Japan a Lëtzebuerg féiert d’Rees dann iwwer Eisterräich („Waltzing with Strauss“) an Italien mat engem Potpourri vu beschtbekannten napolitanesche Lidder („Napolitana“). „Bands around the world“ entféiert de Public dann och ënner anerem op den amerikanesche Kontinent, fir schliisslech an Däitschland mat „The Best of Helene Fischer“ ze landen.
Um Ofschlossconcert vum Stage 2015, e Freideg, de 24.7 um 19:00 Auer am Festsall vum Lycée technique Esch (LTE – 32 rue Henri Koch, Esch/Raemerich) kënnt dir d’Resultat vu 5 musikaleschen Deeg héieren.
Et ass also fir all Mënsch an all Goût eppes dobäi an et stinn nach e puer Iwwerraschungen um Programm. Fir Iessen an Drénken ass natierlech och gesuergt.
D’Enn vun engem coolen an erfollegräiche Stage ass ëmmer e Grond fir ze feieren an déi Responsabel vum Jugendorchester vun der HME freeën sech op Är Präsenz.


Text: Yves Schmartz
Fotoen: Alain Bartoli