Spiller spenden fir den gudden Zweck

Krëschtdag ass Zäit vun der Besënnlechkeet, der Léift a vun de Kaddoen. An dëser schéiner Zäit vum Joer, kann een sech besonnesch fir Kanner engagéieren deenen et net esou gutt am Liewe geet. An dat hu 6 Schüler aus dem Lycée Technique Lalleng sech och geduergt. De Gabriel, d'Mariana, d'Juliana, d'Melanie, de Bojan an d'Alyssa hunn am Kader vun hirem Projet zesumme mat hire Partneren an hirem Enseignant dem Här Serge Atten, de Patiente vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner eng riseg Freed gemaach andeems si hinnen nei a flott Spiller gesteeft hunn. Dofir ee grousse Merci am Numm vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner. www.fondatioun.lu