Kierchtuermspromenaden 18 - Esch-Sauer: D'Uertschaft am Dall huet sech lues rondrem de Fiels entwéckelt a gouf dacks gemolt.

Den Esch/Sauer Seigneuren aus dem ‘Ardenner Grofegeschlecht’ hir Buerg wär di eelst am Land... heescht et! Zwee vun hire Grofen den Henri a Godefroy hate viru 900 Joer zesumme mam Gottfried vu Bouillon um éischte Kräizzug deelgehol. (...1096/’99).

Deen imposante Biergfried a Rauteform an de ronne ‚Lug’- oder ‘Logtuerm’ zéien ëmmer nach Blécker un: An 2008 krut d’historesch Plaz fir d’Legende-Nuecht e Präis fir innovativen Tourismus! Mä ’t gëtt donieft hei vill remarkables, z.B. en Nuetsmaart mat ronn 10.000 Besucher, e Bicherhotel - an fir eist bekannste Kichekraut de Numm ’Péiterséilchen’.

Esch/Sauer, huet 316 Awunner, läit un enger Sauerschläif a seng Buergruin ass owens romantesch beliicht. Se trount op engem 500m héige Fiels, ass Staatsbesetz säit 1893, consolidéiert, a ‘monument classé’ säit 1936; de Kierfech mat der Kapell an der Lannenallee ass dëst säit 1955. Hei fale wéi an de Feudaldierfer Klierf, Veianen, Useldeng a Simmer ronderëm de Mächtegen hir Schlässer onproportionnell modest Häiser op (G. Calteux). A Konfliktsituatiounen war et ideal no beim Schlass ze wunnen!

Am Iechternacher Codex Aureus erwähnt en Akt d’Duerf an ee Nebelungus, deen ëm 774 der Abtei Gidder a Sklaven vermaat hat… (dat war ufanks vum Charlemagne sengem Règne.) Am Joer 927 krut de Meginaud ’Asko’ duerch en Tosch mat der Abtei Stavelot; an et entstoung do dann e Wunntuerm mat Dépendancen. Godefroy II. war Seneschal vu Lëtzebuerg an Tuteur vum jonken Henri VII..

Aus dem 13. Jh. stamen de Fräiheetsbréif, den Ausbau vun der Kärbuerg an d’Schlasskapell; aus dem 14. d’Réngmauer, un déi spéider Häiser gebaut goufen… an d’Opdeelung ënner d’Häre vun Kronenburg, Falkenstein a Branebuerg.

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/esch-sur-sure.html


Fotos Archiv LW (Anouk Antony, Guy jallay, John Lamberty, Tessy Hansen)