Kierchtuermspromenaden 24 - Gréiwemaacher: De Grofen hier Trennmauer

Gréiwemaacher hat 2009 am Januar 4.118 Awunner - mat 56.8% Lëtzebuerger. Greven kënnt vu Grofen, Mecher vu ‘maceria’, d.h. dréchen Trennmauer. D’Villa Machera huet schonn 634 zur Urpor Temmels gezielt, déi laang lëtzebuergesch war. ’t louch eng éischt Siedlung hanner der Kräizkapell um Bierg mam Trapewee. An den Dall koum dann eng strategesch Verdeedegungsplaz fir d’gräflech Lännereie vrun den Tréierer Herrscher ze schützen.

Ënner dem Papp vun der Ermesinde koum Maacher 1152 definitiv un d'lëtzebuerger Grofenhaus; an ënner hirem Jong krut d'Muselstiedchen 1252 de Fräiheetsbréif. Am Buch :’lieux de mémoire’ erënnert d’Myriam Sunnen drun, dass d’Musel fir d’Lëtzbuerger net nëmmen e Floss, mä eng ganz Regioun duerstellt - an dass de Batty Weber mol verschmitzt gemengt hat, d’Wellen géifen net Waasser, mä Wäi mat sech transportéieren. Eise Muselwäin begënschtegen säit Réimerzäiten de Klima an d’gutt Buedem Beschafenheet!

Zu Gréiwemaacher entstoung vermuttlech ënner Henri V. eng Festungsmauer am Véiereck vun 280 op 250 Meter. Se gouf mat hire véier Poarten an ëm 20 Tierm 1688 démanteléiert. Hiren ‘Huelen Zant’ steet nach; hien, en alen Donjon an de Site archéologique ‘Buerg-gruef’ bei der Kräiz-Kapell si ‘monuments classés’. Dës al Kapell mam barocke Steenaltor gouf 1737 erweidert fir d’helleg Kräizbrudderschaft. D'Maart-Recht krut d’Uertschaft 1358 vu Wenzel I.. - Wéi de Goethe hei war, 1792 no der Schluecht vu Valmy, hat säi Kämmerer sech opgereegt iwwer d‘ ‘Städgen gestopft voller Kayserlicher’… a béid gounge weider op Mäertert.



Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/grevenmacher.html

Fotos: Jeroen van der Hoef, Monique Hermes, Nadine Schartz,