Krëppespill a Chrëschtlidder um Bauerenhaff fir de gudden Zweck


Erléis a Form vu Scheck iwert 780 Euro weidergin

Éischt: Zesumme mat der Por Saint- Valentin Rammerich an der Famill Schaack- Binck war den éischten Chrëschtdag um Bauerenhaff zu Éischt am Dezember 2019, e vollen Erfolleg. Um Programm stoung e Krëppespill a Chrëschtlidder, déi vun de Kanner aus der Gemeng Rammerich an enger flotter Kulisse virgedroe goufen. Am Zelt niewendrun ass fir dat leiftlecht Wuel och beschtens gesuergt ginn. Viru kurzem waren d’Kanner ganz erfreet, den Erléis vun dem Krëppespill a Form vun engem Scheck iwert 780 Euro dem Soroptimist Club Mosaik Réiden virun ze gin.

Mat engem oprichtigem Merci huet d‘Präsidentin Rose Dax- Wolter mat hire Leit dese Scheck gären an Empfang geholl an de Kanner fir hirt Engagement hire oprichtigen Merci ausgesprach. Dess Suen kommen der Aktioun „Kannerwonschbam“ am Kanton Réiden zugut, fir de Kanner aus sozial schwachen Familjen während denen kommenden Festdeeg vu Krëschtdag och können eng Freed ze maachen. An hirem Schlusswuert huet Myriam Schaack- Binck och alle Kanner mat sämtlichen Bedeelegten fir de schéine Geste an hiren fräiwëllegen Asaatz beim Krëppespill um Bauerenhaff, hire Merci ausgesprach. (CR) (Foto: Charles Reiser) -