Leschten Samsdeg gouf d'Delegatioun vu Special Olympics offiziell an der Coque virgestallt. E Freideg den 25. Januar ass den Départ a Südkorea geplangt. Zwee Deeg Adaptatioun zu Seoul mat engem kulturellen a sozialen Programm fir Land a Leit kennen ze léieren an dann den definitiven Transfert op PyeongChang, Plaz wou während enger gudder Woch d'Kompetitounen vun den 10. Special Olympics World Winter Games iwwert d'Bühn ginn. Plaz och wou 2018 déi Olympiesch Spiller statt fannen. An 7 Sportaarten wäerten ronn 2200 Sportler aus 110 Länner am Mettelpunkt stoen. Special Olympics Lëtzebuerg hëllt an dräi Sportaarten deel - am alpinen Ski, am Laanglaf an am Schnéischonglafen.
Mat derbäi an ennert dem Motto "Together we can" sinn also 12 Lëtzebuerger:
Guy Haas, Laurent Eischen (Ski alpin), Silvia Splicks, Lynn Streitz, Josette Lamers, Patrick Guth, Luigi Alberti, Romain Reuter (Laanglaf), Cathia Jacobs, Sonja Engeldinger, Laurent Rosseljong, Pascal Closter (Schnéischonglafen)
Si ginn encadréiert vun hiren Trainer (Vanessa Di Nardo, Jet Dasselaer, Ed Pick, Guy Wagener, Franz Toex, Pierrot Feltgen) an den Chefs de délégation (Marc Feltgen, Jean-Paul Woltz)
Weltwanterspiller zu PyeongChang daueren vum 29. Januar bis zum 5. Februar 2013