Ettelbrëck. Gudd gelaunt a bei relativ gudder Gesondhét konnt Mme Mina MANGEN-BRAAS virun kurzem hieren 90. Geburtsdag mat der Famill an den Gemengevertrieder gebührend feieren.Mme Mina MANGEN-BRAAS as den 28.7.1936 zu Eschduerf op d‘Welt koum, si war aus dem Hotel BRAAS. Den 14.5.1955 as si mam Här Aloyse MANGEN aus dem Préizerdaul bestuet gin. Aus hierem Bestiednis sin 4 Kanner hervirgang, Monique, Alice, Fons a Claude. Haut gehèiren hir 4 Partner derzou, 8 Enkelkanner an 10 Urenkelen sin de Stolz vun der Mimi. Zesummen mat hierem Mann, dee Bäcker war, hun si zu Eschduerf eng Bäckerei mat Epicerie erfollegreich gefouert. Am November 1989 as hiere Mann, den Aloyse MANGEN leider gestuerwen an kurz dono as d‘Mina op Ettelbreck geplënnert, wou si als Bäckesch vun Eschduerf nach gären ënnert de Leit ass. Den Här Burgermeschter Bob STEICHEN an de Schäffen Pascal NICOLAY sin bei Mme MANGEN komm mat den allerbeschten Glëckwënsch zum 90. Geburtsdag. Duerno ass d’Glas erhuewe gin mat engem kräftigen Happy Birthday op weider vill gesond an zefridden Joren.