Um leschten Dag vun den Thüringer Langlauftage war dat typescht Oberhofer Wieder um Rendez-Vous. De "Grenzadler" lueg am Niewel an et ass Aisreen gefall. Dest kombinéiert mat engem staarken Wand huet d'Aufgaben vun den Athleten mat geeschteger Behennerung net vereinfacht. Wéinst desen extreem schlechte Bedingungen sinn dat och Staffelrennen vu Mettes ofgesot ginn.
Vir d'Eischt stongen Finalen vun den 3 Kilometer um Programm. Den Patrick Guth heut seng Course als 6. ofgeschloss an de Jean-Louis Schlesser ass 5. an senger Leeschtungsklass ginn. Den Romain Reuter huet et eng zweete Kéier op de Podium gepackt an huet Bronze gewonn. No der 1 Kilometer-Course ass d'Sylvia Splicks och iwwert déi laang Distanz vir bäi matgelaf. Eng Chute an der Descente an déi "kleng Sägespänronn" huet et net gebremst an hat konnt seng Zäit aus der Qualifikatioun ëm weider 30 Sekonnen ennerbueden. Dest war eng gudd Selwermedaille wert. Op den 500 Meter hunn d'Josette Lamers (4.) an d'Lynn Streitz (6.) ferm missten mat den Wiederkondtiounen kämpfen.
Mat fennef Medaillen ass de Bilan vun deser Woch méi wéi zefriddenstellend.
3KM:
2. Sylvia Splicks 9'29"8
3. Romain Reuter 11'59"4
5. Jean-Louis Schlesser 16'52"2
6. Patrick Guth 13'59"0
500M:
4. Josette Lamers 4'27"8
6. Lynn Streitz 4'21"7