Flott Evergreens a bekannt Schlagermelodien mat der Lyra Ettelbréck
um weitere Bilder zu sehen.
Galaconcert „La Tendresse“ huet iwer 600 Leit am Cape begeeschtert
Ettelbréck: Zënter 112 Joer besteet de Männerchouer „Chorale Municipale Lyra Ettelbréck“ schon an huet och dest Joer un der schéiner Traditoun festgehaalen, fir de Frënn vum Gesank op en neis e flotten Galaconcert am Centre des Arts Pluriels Ed. Juncker mam Thema „ La Tendresse“ ze presentéieren. Den Erfolleg vun denen zwéin Owender war grouss, esou dat nit manner wi 600 Nolauschterer der Invitatioun nokomm sin, an och vun denen schéinen Lidder richtig begeeschtet waren. Hiren dynamischen Dirigent, Marion Michels, den de Chouer schon iwert 25 Joer mat Kompetenz an Ausdauer leet, hat di meeschte Stécker vum Programm fir all Goût och extra iwerschafft an arrangéiert. Sou muench Evergreens a bekannt Schlagermelodien vun de Joeren 1957 bis 1995 wi: le jour où la pluie viendra, une rose pour Sandra, Clair, Aquarius, My Boy Lollipop, one way wind oder un homme heureux asw. samt dräi gefuerdeten Zugaben hun zum Oureschmaus vun denen zwou Opféierungen gehéiert a sin och jeweils mat vill Applaus vun engem begeeschterten Publikum honoréiert gin. D’Solisten Henri Beissel, John Düsseldorf an Georges Riewer hun hirt gesanglicht Talent mat hiren jeweiligen Optrëtter och meeschterhaft zum Ausdrock bruecht. Bei engem Gesangsstéck huet de Marion Michels sengem Sänger, John Düsseldorf och eng Chance gin, fir him och mol Dirigentenpult ze iwerloossen. De Claude Huss (Piano), Luc Hoffmann (Banjo, Jazzguittar a Mandolin), Pit Even (Kontrabass& E- Bass) mam Max Duchscher (Perkussioun) hun fir di instrumentalisch Begleedung vun de Sänger och Bäschtens gesuergt. A Senger Laudatio huet de Sekretär vun der Lyra, John Düsseldorf dem erkrankten President André Nicolay eng gut Besserung gewënscht an allen Sänger, mat hirem Dirigent Marion Michels zesummen mat dem Instrumenten- Ensemble säin oprichtigen Merci ausgedrëckt fir den perfekten Optrëtt vum Gala 2023 zu Ettelbréck. Natirlich goung och de Merci un all Sponsoren a Symphatisanten wi och dem Publikum fir hir Presenz an Ënnerstëtzung. Bleiwt ze bemierken dat diselwecht Optrëtter vun der Lyra Ettelbréck den 28. Januar 2024 am Schlass zu Veianen a fir den 3. an 4. Februar 2024 um 20 resp. um 17 Auer am Centre Turelbaach zu Mäerzeg schon virprogramméiert sin. Et ass derwert lauschteren ze kommen. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)