Gala Lyra Ettelbréck huet iwer 650 Gesangfrënn begeeschtert
um weitere Bilder zu sehen.
Ettelbréck: Virun 114 Joer ass d‘Chorale Municipale Ettelbréck gegrënnt gin an huet och dest Joer un der schéiner Traditioun festgehaalen, fir de Frënn vum Gesank e flotten Galaconcert am „centre des Arts Pluriels Ed. Juncker“ mam Thema“ Liebe ist Alles“ ze presentéieren. Den Erfolleg op denen zwéin Owender war grouss, esou dat nit manner wi 650 Nolauschterer der Aluedung vum Ettelbrécker Männerchouer nokomm sin an och mat flotten Lidder an Evergreens verwinnt gi sin. Och den Eric Thill als Kulturminister an den Schäfferot vun der Gemeng Ettelbréck hun sech dat Evenement nit entgoue geloos. Hiren langjährigen an dynamischen Dirigent Marion Michels, den de Chouer schon iwert 25 Joer mat Kompetenz leet, hat eng ganz Reih vun gefällig Meodien erausgesiicht, déi vum ganze Chouer mat Bravour gemeeschtert si gin. Nit manner wi 18 Schlager an bekannt Lidder aus dem Zäitraum vun 1944 bis 2004 wi: „Song for Guy“, „Amor, Amor“ , „Karma Chameloeon“, „die Dornenvögel“ bis hin zur „Hymne d’amour“ samt dräi Zugaben mam „Arrivederci Roma“ als Ofschloss sin mat groussem Applaus vum Publikum honoréiert gin. D’Solisten Henri Beissel, Vincent Koks, Billy Tessaro an John Dusseldorf souwi och dem Pianist Claude Huss vum Owend, hun hirt gesanglicht a musikalischt Talent bei hiren jeweiligen Optrëtter och wonnerbar zum Ausdrock bruecht. Professionell begleet goufen Sänger vum Luc Hoffmann (Banjo, Jazzgittar, Mandolin), dem Pit Ewen (Kontrabass &E- Bass) an Fränk Wagner ( Perkussioun). Mat berechtigtem Stolz huet den President André Nicolay senge Sänger, dem Instrument- Ensemble awer och hirem Dirgent Marion Michels mam Pianist Claude Huss säin oprichtige Merci ausgedrëckt fir de perfekten Optrëtt di zwéin Owender vum Gala 2025 am CAPE. Natirlich ass och alle Sponsoren a Symphatisanten a Läit am Service, wi och dem dankbaren Publikum fir hir Hëllef, Ënnerstëtzung a Presenz villmols Merci gesoot gin. Bleiwt ze vermierken, dieselwecht Optrëtter vun der Lyra Ettelbréck den 07. An den 08. Februar 2026 am centre Turelbaach zu Mäerzeg um 20 resp um 17 Auer schon um Programm stin. Et ass der Wert lauschteren ze kommen. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)