Inspiration by Nosa-Gimi: Kaffisstuff

De Buttek Inspiration by Nosa-Gimi huet säit kuerzem och eng Kaffisstuff mat Terrass a bidd regional a biologesch Produkter un.

Kéisechmier, Hameschmier, Bionade, e Glas lëtzebuerger Drauwejus ... Kommt och dir an d'Kaffisstuff.

Donieft fannt Dir awer och eng sëllechen Dekoratiounsartikel, Miwwelen, Bijoux'en a villes méi.

De Buttek an d'Kaffisstuff sinn op vu Méindes-Freides vun 08.00-18.00 Auer, Samschdegs vun 10.00-17.00 Auer an ab den 21. September 2014 och Sonndes Mëttes vu 14.00-18.00 Auer.

Adress: 33, rue du Commerce, L-9026 Ettelbréck