Konveniat vun de 65-järegen Ettelbrécker

Fir d'Hierschtkiermes haten sech 24 Meedercher a Jongen vum gudden 1950-er Joergang sech am Däich getraff. De Pascal Nicolay huet vun do duerch Ettelbréck um Sentier Urbain gefouert an muench intressanten Detail zu de verschidde Panneau'en ass erklärt ginn. Beim Eierewäin op der Gemeng konnt de J.P. Schaaf, Buurgermeeschter, enkadréiert vu sengem Schäfferot an Dammen an Hären vum Gemengerot, ganz vill Neiegkeeten zu der Entwécklung vun eiser Stad Ettelbréck erziëlen. Uschléissend war et un der nächster Generatioun vun der Dynastie Hotel Lanners, wou nees an der Kichen gezaubert ginn ass. Flott datt vum Wanter un ganz vill Neierungen der Clientèle offréiert ginn! E Patt an Ettelbréck an nach een op der Kiermes huet de flotten Dag ofgeschloss. Mir wëllen eis méi daks gesinn ... spéitstens awer sinn mir a 5 Joer nees all um Konveniat mat derbäi.