Die Schule C1-C4 auf Howald Plateau spendet für die Kinder vom Plakkerskamp!

Den 20.Abrëll 2016 wor an der Schoul um Houwald Plateau eng grouss Ausstellung zum Thema “Mäi Lëtzebuerg”. Vum Cycle 1 bis de Cycle 4 gouf gemoolt, gebastelt, gesongen, Texter geschriwwen, gebak a gekacht. De Kanner hir Elteren konnte sech alles an enger flotter Atmosphäre ukucken an déi eng oder aner kulinaresch lëtzebuerger Spezialitéit kafen.
Op des Manéier sinn 1500 EURO zesumme komm, déi den C1-C4 vum Houwald Plateau dem “Bonnievale-Project” gespent hunn. Dëst ass e lëtzebuerger Projet a Südafrika, an deem momentan ëm 150 Kanner am Alter vun 18 Méint -15 Joer schoulesch an ausserschoulesch encadréiert ginn. D'Haaptzil ass d'Verbesserung vun de Liewenskonditiounen vun de Jonken, déi am Slum vu Bonnievale, dem Plakkerskamp, wunnen. D'Kanner kréien Accès op eng Identitéit, wat hinnen de Wee an eng ëffentlech Schoul erméiglecht. Duerch Educatioun, Sécherheet, Hygiène an Encadrement soll de Kanner a Jugendlechen esou eng Basis geschaf ginn fir spéider an der Beruffswelt Fouss ze faassen.
D'Léierin Isabelle Loewenstein aus dem Cycle 1 vum Houwald Plateau wäert am Summer 2016 selwer op d'Plaz goen an dohannen eng Hand mat upaken an iech op dëser Plaz vun hiren Erfahrungen um Bonnievale-Project erzielen!
Bonnievale-Project seet e ganz häerzleche MERCI fir dës flott Initiative!