Scheckiwwerreechung bei den Ettelbrécker Scouten

D'Ettelbrécker Scouten haten déi grouss Freed, fir den Erléis vun hirer B.A. (Bonne Action) um Ettelbrécker Chrëschtmaart ze iwwerreechen:

1.675 € goungen un d'Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn asbl (ASA, besser bekannt duerch "e Stopp fir de Mupp" (www.asa-asbl.com).

1.675 € ware fir Brasilux (www.brasilux.lu) fir hir Partnerorganisatiounen a Brasilien.

An zwee informativen an interaktiven Atelieren hunn d'Vertrieder vun den zwou Organisatiounen den Ettelbrécker Scouten hir Aktivitéite virgestallt.

Dës B.A. war e Succès duerch déi gutt Zesummenaarbecht vu ville fläissegen Hänn.

E grousse MERCI all de Leit, déi um Stand vun den Ettelbrécker Scouten e flotten Deko-Artikel, gutt Kichelcher oder leckere Flammlachs kaaft hunn.

Mir freeën eis drop, Iech bei der Editioun 2024 zu Ettelbréck rëm ze gesinn.

Weitere Neuigkeiten von Ettelbrécker Scouten Asbl >