Am Kader vun hirer 1. Generalversammlung als asbl, hunn d’Ettelbrécker Scoute mat vill Freed den Erléis vun hirer Bonne Action um Ettelbrécker Chrëschtmaart 2025 verdeelt.
Am Ganze 5.190 € goungen un dës 3 Projetën :
1.730 € fir d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn asbl (ASA) fir d’Ausbildung vun Assistenzhënn déi zu Lëtzebuerg am Asaz sinn.
1.730 € fir de Projet Mutirão a Brasilien : de Bau vun enger Maison de Repos. Dëst ass e gemeinsame Projet vu jonke Guiden a Scouten (RaRo) vun den LGS zesumme mat Jonke vum brasilianesche Mouvement des Communautés Populaires, ënnerstëtzt och vum Grupp Brasilux.
1.730 € fir de Projet Xaritoo am Senegal : d’Renovatioun vun enger Schoul an d’Duerchféiere vu Vakanzaktivitéite fir Kanner. Dëst ass e gemeinsame Projet vu jonke Guiden a Scouten (RaRo) vun den LGS an Zesummenaarbecht mat Handwierker aus dem CIFOP vun M’Boro an den Éclaireurs du Sénégal an der lokaler ONGD Jeunesse et Développement.
E ganz grousse MERCI all deene Leit déi eis op eisem Stand besicht hunn an all deenen déi eis gehollef hunn eis Wuer ze Bastelen an ze Baken.