Fir d’Ettelbrécker Theater Frënn ass et eng Traditioun all Joer eng Lëtzebuerger Associatioun mat engem Don z’ënnerstëtzen. Esou och dëst Joer, wou am Kader vun hirer Generalversammlung den 30.Oktober, der Asbl Plooschter Projet, vertrueden duerch d’Madame Marianne Thomas an d’Madame Jeanne Antony ee Scheck vun 1 000 EUR iwwerreecht ginn ass.
D’Madame Marianne Thomas huet uschléissend d’Asbl Plooschter Projet virgestallt.
D’Asbl ass 2014 vum Yannick Lieners, dee mat 25 Joer u Leukemie erkrankt ass, an d’Liewe geruff ginn a mécht reegelméisseg Sensibiliséierungs- a Registréierungsaktioune fir méi Leit iwwer Bluttkriibs opzeklären a si dozou ze beweegen, sech als Stammzellespender ze registréieren.
Vill Leit hu sécher well vun de Sensibiliséierungscampagnen „Gitt Stammzellespender – rett e Liewen“ an „De Kampf géint Leukemie ass en Ekippesport“ héieren, déi 2018 an 2022 lancéiert gi sinn. Des Campagnen informéieren de lëtzebuergesche Public iwwer d’Stammzellespend. Säit der Grënnung hunn sech iwwer 17‘000 Leit op enger vun dësen Aktiounen als Spender registréiert, dat sinn 79,9% vun alle Spender aus Lëtzebuerg. Donieft hu sech vill Leit duerch dës Campagnen bei de Laboe registréiert. 120 hunn och Stammzelle gespent an domat engem Patient d‘Chance op en neit Liewe ginn (Stand 12.02.26).
De Plooschter Projet mécht iwwer 40 Aktiounen am Joer a seng Aktivitéit huet d’Unzuel vun de registréierte Spender zu Lëtzebuerg drastesch erhéicht.
Vill weider Informatiounen zu dëser Asbl sinn op hirem Site www.plooschterprojet.com ze fannen.