Am Kader vun hirer Generalversammlung hunn d'Ettelbrécker Theater Frënn (ETF), wéi dat elo schon Traditioun ass, ee Scheck vun 1 000,- EUR un eng Lëtzebuerger Asbl iwwerreecht. Dëst Joer konnt d'Asbl ALAN - Maladies Rares dëse Scheck entgéinthuelen. Den Här Daniel Theisen vun der ALAN huet vun der Geleeënheet profitéiert fir hir Asbl kuerz virzestellen.
D'Asbl ALAN ass 1998 gegrënnt ginn fir déi Leit z'informéieren an z'ënnerstëtzen, déi ënnert neuromuskulären Krankheeten leiden. 2005 hunn Sie hir Aktivitéiten dunn erweidert fir all Leit, déi mat enger rarer Krankheet musse liewen.
Als rar Krankheeten bezeechent een Krankheeten, déi manner wéi 5 Persounen op 10 000 betreffen. De Moment ginn et weltwäit 7 000 verschidden rar Krankheeten an hei zu Lëtzebuerg sinn ongeféier 30 000 Persounen, déi ënnert esou enger Krankheet leiden.
D'Asbl ALAN-Maladies Rares bitt nieft hirem Service de Consultation eng breet Offer vun adaptéierten Sport-a Freizeit-Aktivitéiten un, schafft mat un nationalen Aktiounspläng, an der Recherche, mat internationalen Partenariaten asw.
Weider Informatiounen fannt Dir op hirem Internet Site www.alan.lu