Special Olympics start an déi nei Saison

Net manner wéi 13 Trainingsunitéiten bidd Special Olympics Letzebuerg de Sportler mat engem intellektuellen Handikap uerchter d'ganz Land un. An der sportlecher Offer ass fir jiddereen eppes derbäi. vill Aktivitéiten fannen am Kader vun der Inklusioun statt. Et gett also probéiert zesummen Sport ze machen, ouni Ausgrenzungen, jiddereen no sengen Méiglechkeeten.
Niewt de Trainingsofferten sinn och eng rei Déplacementer an Organisatiounen geplangt wéi ee Basketballsdag, ee Liichtathletiksfest (indoor an outdoor), ee schwammfest, eng Fussballswoch, eng Wantersportkolonie an nees eng Partizipatioun um ING Marathon an der Stad. Héichpunkt vun der Saison wäert awer Beddelegung un den Weltwanterspiller (Januar/Februar 2013) a Südkorea sinn.