Special Olympics Wantersportler mat gudde Resultater

Nodeems Laangleefer zu Oberhof a Thüringen hir Kompetitiounen haten, waren d'lescht Woch d'Alpine-Skifuerer zu Malbun (Liechtenstein) an d'Schnéischongleefer zu Tamsweg (Eisterräich) am Asaz. An op deenen zwou Plazen koum et zu flotte Succèsen.
Am Liechtenstein waren d'Alpin Skifuerer op der Pist vu Malbun. Am Super G stongen den Sven Bintner (2.) an de Laurent Eischen (3.) zesummen um Podium. D'Kelly Toex gouf dat 5. an de Guy Haas, den Alistair Lesire an den Aly Hoffmann sinn op déi 6. Plaz komm.
Am Riesenslalom stong den Aly Hoffmann ganz uewen um Treppchen. De Sven Bintner huet eng zweet Selwermedaille gewonn. Fir de Guy Haas an de Laurent Eischen gouf et Bronze. Den Alistair Lesire gouf den 5. an d'Kelly toex, no enger Chute, dat 6. an senger Final.
Bei den Wanterspiller 2012 an Eisterräich hun d'Sportler vu Special Olympics Letzebuerg bei äisegen Temperaturen gudd ofgeschniddenAll Athlet huet beim Schnéischonglafen op mannst eng Medaille gewonn. Gold gouf et fir d'Béa Cannels (100m + 200m), Jessica Metzdorf (100m), Selwer fir de Laurent Rosseljong (100m + 200m), Pascal Closter (400m), Cathia Jacobs (100m + 200m) a Bronze fir de Steve Wolff (100m + 200m) an d'Jessica Metzdorf (200m). E flotten an exklusiven letzebuerger Podium gouf et also bei de Meedecher iwwert 200 Meter.
D'letzebuerger Sportler hunn also hiren Test fir déi next Welt-Wanterspiller hannerunn sech. An deenen nexte Wochen gett Selektioun fir Südkorea (Januar 2013) zesummegestallt.
.