Table Ronde Futtball aa Immigratioun de 27. 04.18 Lycée Technique d'Ettelbruck

Grouss Nimm aus dem Futtball zu

Besuch am LTEtt

Freides, de 27.4.2018, hate ca. 100 Schüler aus dem LTEtt e spezielle Cours. Am Kader vun de Lëtzebuerger Bicher-Deeg, déi ënnert dem Motto Grouss Nimm – Grouss Geschichten stoungen, hat de Lycée 3 Generatioune Futtballer invitéiert, fir dem Jean Ketter säi Virtrag zum Thema Futtball an Immigratioun duerch hir Erfarunge méi lieweg ze maachen. Mir haten déi grouss Éier, de Fernand Meneghetti, de Manuel Cardoni an eise fréiere Schüler, den Dan da Mota, op Besuch ze hunn.

Am Mëttelpunkt stoungen awer mol fir d’éischt dem Jean Ketter seng Recherchen, fir déi hie vun der “Fondation Robert Krieps” de Präis fir déi beschte Master-Aarbecht am Joer 2016 krut. D’Schüler krute vun him erkläert, wat fir en Afloss d’Migranten aus Italien, Portugal an Ex-Jugoslawien op d’lëtzebuergescht Futtballsliewen haten a wat de lëtzebuergesche Futtball fir en Afloss op hiert Liewen zu Lëtzebuerg, hir Integratioun hat. Ee Fazit vum Historiker ass, dat de Futtball e groussen Undeel un der Integratioun hat. Dëse Sport huet ville Mënsche gehollef, éischt Kontakter a Lëtzebuerg hierzestellen, Frëndschaften ze knäppen an d’Sprooch vum Land ze léieren.

D’Schüler hunn iwwert d‘Thema Futtball gewise kréien, dat een sech och wëssenschaftlech mat deem Thema ausernee setze kann, dat déi (Futtball-)welt hei zu Lëtzebuerg net ëmmer sou wor wéi se lo ass, dat et Verännerunge gouf am Laf vun der Lëtzebuergescher Geschicht, déi een och am Sport novollzéie kann. Eis Schüler sinn sech bewosst ginn, dat si Deel vun där Lëtzebuergescher Geschicht sinn an dat och hir Identitéitsbildung vun all deene Faktore bestëmmt gouf a gëtt.

Ofschloss an Héichpunkt vum Mëtte wor fir eis Schüler awer sécherlech d’Table Ronde mat de bekannte Futtballer. Déi hunn vun hiren Erfarunge verzielt, wéi et wor sech als Italiener oder Portugis fir eng Lëtzebuerger Nationalequipe anzesetzen a virun allem, wat de Futtball hinne bruecht huet, wat si hu missten afferen a och firwat et heiansdo net ëmmer einfach wor an ass fir si Decisiounen am Liewen ze treffen, well Famill an Aarbecht oft awer méi wichteg si wéi de Futtball…