12 Jugendlicher hun d'Sakrament vun der Firmung empfaangen


Ieverléng: Viru Kuurzem huet de Kardinol Jean- Claude Hollerich, 12 Jugendlicher aus der Par Atertdall Sainte- Claire an der schéi gerëschter Kierch vun Ieverléng, d’Sakrament vun der Firmung gespend. Gläich bei sengem Ukommen ass den héiche Gaascht ganz haerzlich virun der Kierch empfaange gin. Am Verlaaf vum Gottesdëngst zelebréiert vum Kardinol Jean- Claude Hollerich mam Pater Jean- Jacques Flammang an de Geeschtlichen Mathieu Janssen, René Reuter an Vincent Billot op senger Säit, hun di 12 Jugendlicher no der Erneierung vum Daafverspriechen d’Sakrament vun der Firmung empfaangen. Die feierlich Mass gouf vum Gesangveräin aus der Gemeng Useldéng ënnert der Leedung vum Fernand Even mam Carlo Philippe op der Uergel gesanglich a musikalisch verschéinert. Duerno huet d’Gemengeverwaltung Useldéng op den Empfank an de Festsaal agelueden, wou de Buergermeeschter Pollo Bodem an treffenden Wieder d’Wichtigkeet vun der Kierch an de Mëttelpunkt gestallt huet. (CR ) (Fotoen Charel Reiser)