66ᵉ Generalversammlung vun der Chorale Sängerfrënn Ärenzdall Feels.

Nom Joresbericht hat d’Chorale 82 Aktivitéiten, dovun waren 6 Doudemassen, 1 Hochzäitsmass an den Te Deum fir den Nationalfeierdag.
Den 8. Mäerz an engem Concert Spirituell ass zesummen mat der Feelser Philharmonie ënner der Ledung vum Stephan Kollmann, an der Kierch, “d’Missa Brevis” vum Jakop de Haan, opgefouert ginn. Zousätzlech huet d’Chorale “Alma Redemptoris Mater” vum J. Rheinberger, “Jesus bleibet meine Freude” vum J. S. Bach, an de “Panis Angelicus” vum C. Franck gesongen, begleed vum Pascal Zeihen op der Uergel.
Hien huet duerno eng “Fantaisie sur la Gamme de ré Mineur” vum bekannten Lëtzebuerger Komponist Jos KInzé virgedroen.
Den 20. Dezember huet d’Chorale ewéi all Joer, d’Chrëschtmass an der Maison de Retraite St. Joseph zu Miersch gesongen.
Duerno em 17:00, als Ofschloss vum Chrëschtmaart op der Bleech, ass mat der Philharmonie zesummen e flotten Chrëschtconcert am Zelt ofgehalen ginn.