69. Generalversammlung vun der Chorale Sängerfrënn Ärenzdall Feels.

69. Generalversammlung vun der Chorale Sängerfrënn Ärenzdall Feels.

Den 20. Mäerz hat d'Chorale hier 69. Generalversammlung. No der Usprooch vum President Georges Ginter, huet Sekretärin Carine Gratia den Aktivitéitsbericht ervir bruecht. Heiraus geet ervir dat d'Chorale bei 41 Prouwen, 22 Massen, 6 Doudemassen, Visitt vum Grand Duc an der Grand-Duchesse an den Te Deum aktiv war.
D'Oktavmass ass ewéi all Joer, beim Paschtouer Luc Schreiner, an der Giischterklaus gesongen ginn.
D'Mass ass op Erläichendag gesongen ginn an uschléissend un der Prëssessioun deel gehol ginn..
Eng Excursioun an d'Normandie ass gemaach ginn vum 27.7 bis den 29.7.
Op Krautwëschdag sinn d'Wëschen gebonnen an no der Mass verdeelt ginn.
D'Cäciliedag ass mat enger Mass an uschléissendem traditionellen Banquet op der Heringer Millen ofgeschloss ginn.
Trotz dem schlechten Wieder huet d'Chorale daper mat der Schampesbar um Chrëschtmaart op der Bleech, duerchgehalen.
Ewéi ewell all Joer ass d'Chrëschtmass vun der Chorale zu Miersch am Home St. Joseph gesongen ginn.
Nodeem de Kessier Ott Brentener de Bilan presentéiert hat, huet den Dirigent an Organist Pascal Zeihen eng Iwwersiicht vun der Aarbecht vum ganzen Joer gemaach. 
D'Madamm Buergermeeschtesch Natalie Silva huet an hirer Usprooch d'Aktivitéiten an d'Aarbecht vun der Chorale gelueft a geroden esou weider ze maachen.
No dëser Versammlung huet de President Georges Ginter hir laangjäreg Sängerin a Vizepresidentin Madame Justine Hess geéiert an hir fir d'Zukunft all Guddes gewënscht.
D’Versammlung ass mat engem gudden Patt ofgeschloss ginn.