D'Chorale Sängerfrënn Ärenzdall Fiels am Home St Joseph Miersch.

23. Dezember 2018.

D'Chorale Sängerfrënn huet ewéi all Joer op Aluedung eng 3-stëmmeg Chrëschtmass am Home St. Joseph zu Miersch gesongen.

D'Kapell war erëm bis op déi leschte Plaz besat.

No engem Aperitif an e gutt Mëttegiessen, hunn d'Sänger den Dag am Home ofgeschloss, mat engem Verspriechen nächst Joer erëm d'Chrëschtmass an den Home sangen ze kommen.