68. Generalversammlung vun der Chorale Sängerfrënn Ärenzdall Feels.

14. Mäerz 2018

De President Georges Ginter huet an senger Ried ënner anerem ee grousse Merci un déi aktiv Memberen fir hiren Asaz wärend dem ganzen Joer geriicht, an huet déi kollegial an gesond Situatioun vum Veräin ernimmt. Mee hien huet och een dréngenden Appell geäussert fir nei Memberen unzewerben an ze rekrutéieren. An hirer Ried huet eis nei Buergermeeschtesch, Madame Natalie Silva, versprach fir d’Leit an der Gemeng ze motivéieren fir sech an de Veräin ze mellen.