D'Chorale Sängerfrënn Ärenzdall Fiels am Home St. Joseph Miersch

Ewéi all Joer, op Aluedung vun dem Home pour Personnes Agées St. Joseph Miersch, huet d’Chorale den 18. Dezember an der Kapell eng Chrëschtmass gesongen.
Et huet de Pensionären an hiren Invitéen esou gutt gefall, dat den Här Paschtouer gesot huet, vir net nëmmen Chrëschtdag bei hinnen eng Mass ze sangen, mä och vir aner Geleeënheeten während dem Joer ze kommen sangen. Dat hunn mir natierlech gären ugeholl.
No engem gudden Mëttegiessen an dem Restaurant vum Home, hu mir eis Visite zu Miersch ofgeschlos.