Feierleche Concert Sonndes an der Fielser Kierch.

Feierleche Concert den 8.3.2105 an der Fiels.

Dësen Concert stoung ënnert dem Patronage vun der Fielser Gemeng.

D’Société Philharmonique Fiels mat der Chorale Sängerfrënn Ärenzdall Fiels hunn dësen Concert organiséiert zur Geleeënheet vun dem Ofschloss vun den Renovatiounsaarbechten, déi di läscht 2 Joer an der Kierch realiséiert gi sinn.

A senger Ried huet de Buergermeeschter Pierre Wies matgedeelt dat Gemeng mat groussem finanziellem Opwand d’Heizung, Daachaarbechten, Kullangen, Fënsteren an ganz speziell d’Uergel komplett renovéiert huet.

D’Fielser Kierch stécht besonnesch ervir duerch hier beandrockend Wandmolereien vum bekannten Kierchemoler Nic Brücher. Duerfir waren dës Aarbechten beileiwen keen Luxus.

Den Dirigent an Organist Pascal Zeihen huet d’Resultat vun der renovéierter Uergel mat der imposanten Fantasie sur la “Gamme de ré Mineur” vum Jos Kinzé eriwwer bruecht.

Ënnert der Direktioun vum Dirigent Stefan Kollmann huet d’Philharmonie Wierker vum Philip Sparke, Markus Götz an Thiemo Kraas gespillt, duerno huet d’Chorale mat der Uergel Wierker vum J. S. Bach, Joseph Reinberger an César Frank gesongen.
Als Haaptdeel hunn déi 2 Veräiner d’Missa Brevis vum Jacob de Haan op gefouert, déi duerch hier speziell Kompositioun vill Succès bei de Nolauschterer hat.

Zum Ofschloss huet Gemeng, d'Musikanten, d’Sänger an déi vill Besicher op den Éierewäin an de Centre Kulturell agelueden.